Linedance: Crazy Boots Konsdrëf an der Maison de Soins Op Lamp

Op Invitatioun vun der Amicale haten d'Bewunner vun der Maison de Soins Op Lamp ze Waasserbëlleg leschte Sonndeg d'Gelegenheet, zesumme mat den Dänzer vun der Linedance-Grupp "Crazy Boots Konsdrëf" e schéinen Nomëtteg ze verbréngen. Bei flotter Musek a gudder Stëmmung hu sech d'Leit och op d'Bühn getraut fir mat ze danzen.