Sängerbond Museldall an der Maison de Soins Op Lamp zu Waasserbëlleg

E Sonndeg, den 10. Mee 2015 huet de Sängerbond Museldall mat groußem Succès en Deel vun hirem Fréijoersconcert "Down by the Riverside" am Fleegeheem zu Waasserbëlleg présentéiert. Mat u Bord waren d'Dirigentin Viviane Kohn-Hames, d'Pianistin Michèle Mootz-Lentz, de Sängerbond Museldall a seng Solisten.