Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg an der Maison de Soins Op Lamp Waasserbëlleg

Mat engem Bouquet vu bekannte Melodien hun d’Bewunner an hir Familljen zesumme mat den Harmonikaspiller e Sonndeg, den 8. Mäerz 2015 eng musikalesch Rees uechter Lëtzbeuerg an d’ganz Welt gemeet.
Un deene zefriddene Gesiichter am Sall konnt ee feststellen, datt déi wonnerschéin a bekannt Lidder de Leit gudd gefall hunn a fir eng Zäit alles ronderëm vergiesse gelooss hunn.