D'CHORALE WEILER-HAASSEL AN ZÄITE VU COVID-19

51. Generalversammlung beim Weiler Gesank mat duebelem Réckbléck

An hirer Begréissungsusprooch am Festsall „An Huef“ goung d’Presidentin Josée Schlammes-Krier op méintelaang Corona-Restriktiounen an: geännert Virzeechen, an awer war d‘Bereetschaft vun de Sängerinnen a Sänger, der Organistin Simone Appelbaum-Goebel an dem Dirigent Horatiu Dragan beandrockend. Allen Éieregäscht sot d’Spriecherin hiren opriichtege Merci, an huet déi beachtlech Bäihëllefe vum Gemengen- an dem Kiercherot speziell ervirgehuewen.

Am Réckbléck vum Sekretär Änder Welfring op 2 Joer Aktivitéiten – coronabedéngt war d’Generalversammlung 2021 ausgefall – gouf festgehalen: Normale Programmoflaf 2020 bis zum halwe Mäerz, Informatiounsstand beim Empfank fir déi nei Bierger, Bedeelegung mat engem substantielle Scheck u karitative Projeten vun de Fraen Weiler&Haassel, statutaresch Joeresversammlung am Februar. Nom Lockdown blouf als eenzegen Optrag, bis zum Joeresenn 35 Eucharistiefeiern a 4 Begriefnesmassen mat Gesäng a Lidder ze verschéineren.

Fir de Bilan 2021 goung de Rapporter op dës Terminer an, illustréiert mat Biller a senger Power-Point-Presentatioun: Tëleesmass, Éischtkommiounfeier, Hochzäitsfeier zu Alzeng, Optrëtter beim Nationalfeierdag an der Journée de Commémoration, Cäciliefest a Chrëschtmetten, nieft dem alljährleche Normalprogramm. Auszeechnunge vum Piusverband kruten d’Roby Schmit-Adam an de Jean-Marie Kauffmann iwwerreecht.

Ongewëssheet besteet och fir 2022: Sonndesverpflichtunge stinn am Rhythmus vun all 14 Deeg un. Ausser enger Rei Feierdeeg verweist de provisoresche Kalenner 2022 op d‘Tëleesmass den 1. Mee an op dat 30. Grillfest de 17. Juli.

Mustergülteg Féierung vun de Kontebicher, exakt kontrolléiert vun de Keesserevisorinnen: Entlaaschtung fir d’Finanzcheffin Claire Theisen. Seng Zukunft kann de Weiler Gesank mat engem gudde finanzielle Polster ugoen.

Et spiert een de Choristen hir Satisfaktioun beim Sangen, esou de Luef vum Porverwalter Pit Faber. Déi Weiler hätten am Juli 2020 als éischt aus dem Porverband hiren Déngscht nees opgeholl. Och dee sozialen Engagement ass e wäertvolle Bäitrag an eiser Gesellschaft.

Dank dem Matwierke vun der Chorale kréien eis national Feieren eng wierdeg Feierlechkeet, huet de Buergermeeschter Vincent Reding betount a freet sech iwwer déi gutt Zesummenaarbecht mam Gesangveräin.

Bei sengen 16 aktive Memberen genéisst de Kommitee vollt Vertrauen fir e weidert Mandat: Präses: Pit Faber; Presidentin: Josée Schlammes-Krier; Tresoriär: Claire Theisen; Sekretär: Änder Welfring; Assessoren: Claudine Reuter-Lentz; Edmond Theisen.


N.B.: Kommentar zur Foto:

Kommitee vum Weiler Gesank mat de Vertrieder vum Schäffen- a Gemengerot