Vill Luef fir d’Chorale Weiler&Haassel

53. Generalversammlung beim Gesangveräin

Ufanks Februar war fir de Komitee vum Gemëschte Chouer Weiler&Haassel op en Neits Geleeënheet, alle Sängerinnen a Sänger mat dem Dirigent Horatiu Dragan an der Organistin Simone Appelbaum-Goebel, de Mataarbechterinnen a Mataarbechter an den ageluedenen Autoritéiten am Festsall „An Huef“ eng ausféierlech Bestandsopnahm ze ënnerbreeden.

D‘Joereshaaptversammlung gouf agelaut vun der Presidentin Josée Schlammes-Krier mat enger Gedenkminutt fir déi Enn Januar verstuerwe Madame Adèle Reichling, als trei Sympathisantin bei all gréisserem Ereegnes un der Säit vum Gesangveräin dobäi.

Hir onbegrenzt Unerkennung fir d’Bestriewe vun der Chorale, bei jidder Ulass hiert Kënnen ënner Bewäis ze stellen, sträicht d’Riednerin besonnesch ervir. En décke Merci riicht si och un d’Adress vun de Vertrieder vun der Gemeng a vun der Kierchefabrick fir hir onentbierlech Ënnerstëtzung, finanziell a logistesch, Joer fir Joer.

Am Bilan 2022 goung de Rapporter Änder Welfring a senger Power-Point-Presentatioun, mat Biller illustréiert, op dës Terminer an: Tëleesmass, Éischtkommiounsfeier, Hochzäitsfeier zu Weiler, Festakt fir den Nationalfeierdag a fir d‘Journée de Commémoration, 5 Begriefnesfeieren, Cäciliefest a Chrëschtmetten, nieft dem alljährleche Normalprogramm. D’Grillfest de 17. Juli war nees e vollen Erfolleg. Auszeechnunge vum Piusverband kruten d’Claudine Reuter-Lentz, d’Monique Theisen-Sonntag an d’Simone Appelbaum-Goebel iwwerreecht.

Ausser de Sonndesverflichtunge am Rhythmus vun all 14 Deeg an de gewinnte Feierdeeg verweist de provisoresche Kalenner 2023 op eng Rei Zeremonien a Festakten, esou d’Tëleesmass den 23.04.2023. Donieft mécht d’Chorale mat bei verschiddene Manifestatiounen um Gebitt vun der Gemeng Weiler-la-Tour. En aussergewéinlechen Event ass den Owend mam Titel Colette&Fernand (Wark) Revival den 11. Mäerz „An Huef“.

Eng gesond Finanzsituatioun, an allen Eenzelheete virgestallt vun der Finanzcheffin Claire Theisen an exakt kontrolléiert vun de Revisorinnen Claudine Metzler-Conradt a Georgette Folschette-Kasel, erlaabt et dem Veräin, nieft de gängegen Ausgaben verschiddentlech e soziale Projet ze ënnerstëtzen. Bei senge 16 Memberen genéisst de Kommitee vollt Vertrauen fir e weidert Mandat.

D’Bereetschaft vum Weiler Gesank, all kierchlech Déngschter duerch méistëmmege Gesank ze verschéineren, lueft de Porverwalter Pit Faber mat Nodrock. Och dee sozialen Engagement ass e wäertvolle Bäitrag an eiser Gesellschaft.

De Buergermeeschter Vincent Reding freet sech iwwer déi gutt Zesummenaarbecht mam Gesangveräin a stellt fest: beim Erënneren un déi Bierger aus eisen Dierfer, déi eis déi lescht Méint fir ëmmer verlooss hunn, gëtt eis all Kéier nees bewosst, wéi séier d’Rad vun der Zäit dréint.

No de villsäitegen Ausféierungen, als leschte Punkt op der Dagesuerdnung, dee gesellegen Deel mat engem gudde Maufel an engem sëffege Patt a gewinnt flotter Stëmmung.


N.B.: Kommentar fir bei d’Foto:

De Komitee vun der Chorale Weiler&Haassel (vu lénks no riets):

Claire THEISEN – Tresoriär; Pit FABER – Präses; Josée SCHLAMMES-KRIER – Presidentin

Änder WELFRING – Sekretär; Claudine REUTER-LENTZ an Edmond THEISEN – Assessoren


André Welfring