4000 Euros für einen guten Zweck
um weitere Bilder zu sehen.
Wäiswampich
D’alljärlech Mäertensfeier mat Cortège zu Wäiswampich am Zelt steet ganz am Zeeche vun der Solidaritéit a gëtt fir e gudden Zweck organiséiert. De Martinscomité vun der Par Ëlwen-Wäiswampich huet sech dofir gefreet, der Sozialequipe Bouneweg ee Scheck vun 2.000 Euro kënnen ze iwwerreechen.
Am Kader vun der Familljemass vum 22. Mäerz 2026 war d’Sozialequipe vertrueden duerch d’Jij Linster an d’Elke Grün. Si hu sech immens iwwer dës Ënnerstëtzung gefreet. Mat dëse Sue hëlleft d’Sozialequipe bedürftege Leit, besonnesch duerch d’Verdeelung vu Liewensmëttel an Hygiènesartikelen an der Kierch zu Bouneweeg an der Stad Lëtzebuerg.
Och d’Associatioun „Noël de la rue“ krut ee Scheck vun 2.000 Euro vum Martinscomité iwwerreecht. Vertrueden war d’Organisatioun duerch d’Madame Gitta Glod souwéi d’Mady an de Guy Felten aus Wilwerdang. D’Gitta Glod huet erkläert, datt dës Sue gebraucht ginn, fir e waarmt a festlecht Chrëschtfest mat engem gudden Iessen a Kadoen ze organiséieren – fir Leit, déi op der Strooss liewen, awer och fir Familljen, déi sech selwer kee Fest kënne leeschten.
Am Numm vum Martinscomité huet d’Ingrid Scholzen allen ee grousse MERCI gesot, déi dozou bäigedroen hunn, datt insgesamt 4.000 Euro fir e gudden Zweck gespent konnte ginn.
Déi nächst Martinsfeier fënnt Samschdeg, de 14. November 2026, ëm 17.00 Auer zu Wäiswampich am Zelt statt. Dono zitt de Cortège hannert dem hellege Martin um Päerd ronderëm de Séi.
Och am Joer 2026 wäert d’Martinsfeier erëm e staarkt Zeeche vun der Solidaritéit sinn – fir déi Leit, déi hei am Land op eis Ënnerstëtzung ugewisen sinn.