Cool Motorieder, flott Fotoën: Internationaalt Goldwing Treffen (absolut kuckenswäert)

Vum 1. bis den 4. September 2011 war ronderëm de Wäiswampecher Séi eng méi lass. Et haten sech 510 Goldwingen do op hirem alljährlechen Treffen zesumme fonnt. D’Wieder huet dozou bäigedroen datt et e vollen Erfolleg gouf. Déi eng haten sech direkt um Site néiergelooss mat hiren Zelter, anerer hunn sech ronderëm an Hoteller an op Campingsplazen aquartéiert. Hier Frënn oder Partner mat aner Maschinne waren och um Site erlaabt sou datt gutt 1000 Leit hei zesumme koume fir iwwer hiren Hobby ze poteren an ze fachsimpelen. Et waren e puer Shoppen do mat Kleeder, Rimmer, Chrom an natierlech och Ersatzdeeler. Op der Platz konnt och en Airbrush op de Moto maache loossen.

Wann een iwwert Campingsplaz getrëppelt ass konnt een sech vun der grousser Villfalt vun dëse Motorieder iwwerzeegen.

Ee ganz speziellen Tattoo war opgefall, dëse franséische Goldwinger huet sech op Virlag vun enger Foto säin eegene Moto op de Réck tätowéiere gelooss. Säin Crazy Frog deen hannen um Gepäckdréier sëtzt war och antätowéiert. En huet mer verzielt dass säin Tätowéirer leider grad a Congé war an dofir seng Faarf nach net fäerdeg wier.

Fir Iessen a Gedrénks hunn d’Memberen an d’Frënn vum Goldwingclub Lëtzebuerg ( www.gwcl.lu )gesuergt. Lëtzebuerger Goldwing Treffen ass ännert den Goldwinger bekannt fir hier gutt Kichen.

De Schëfflenger Motoradsclub ( http://www.mus.lu ) huet eng Hand ugepaakt am Gedrénksstand an de Kayler Motoradsclub ( http://www.motoclubkayldall.lu ) ass eis zur Hand gaang bei den Ausfahrten.

D’Liichterparade e Freidegowend waren immens flott ze kucken, do fueren déi Motorieder mat de meeschten a schéinste Luuchten zesummen eraus.

Samschdegmëtte bei super Wieder sin se dann op eng Randonnée gefuer. En Zwëschenstopp hunn se am Shoppingzenter Kauf am Pommerlach gemaach ier se rëm zréck op Plaatz komm sin.

Den DJ Laurent huet déi 3 Deeg Musik gemaach.

Samschdegmëtte 16 bis 18 Auer waren och d’Power Blechbléiser vun Perlé am Asaz.

Samschdegowend huet d’Band Joé & Friends (http://joeandfriends.be ) fir d’Ambiance am Zelt gesuergt.

Den offiziellen Deel goung ëm 21 Auer lass. Et sin Coupen un all d’Natioune verdeelt ginn. Ausgewäert goufe weivill Motorieder vun all Club do waren a weivill Kilometeren se all zesumme gemaach hunn. Dës Airkm gi vun der Mëtt vun de jeeweilege Länner bis op Wäiswampech an zréck gerechent an da mat der Unzuel vu Motorieder multiplizéiert. De Club Attendance Award ass fir dee Club dee Prozentual déi meescht vun hire Memberen derbäi hunn.

Hei sinn d’Resultater:

2011 Treffen results Luxembourg

1.Holland 186 bikes 106392 Airkm
2.Great Britain 36 bikes 67608 Airkm
3.Finland 11 bikes 56232 Airkm
4.Norway 11 bikes 49940 Airkm
5.Belgium 122 bikes 45254 Airkm 14,47% members
6.Switzerland 32 bikes 40128 Airkm
7.Ireland 11 bikes 29634 Airkm
8.Italy 9 bikes 26298 Airkm
9.Germany 23 bikes 22540 Airkm
10.Denmark 10 bikes 18200 Airkm
11.Poland 5 bikes 12070 Airkm
12.Greece 2 bikes 11728 Airkm
13.Austria 6 bikes 11352 Airkm
14.Sweden 3 bikes 11106 Airkm
15.France 9 bikes 10782 Airkm
16.Hungary 4 bikes 10328 Airkm
17.Ukraine 2 bikes 8836 Airkm
18.Czech Republi 5 bikes 8610 Airkm
19.Portugal 2 bikes 7784 Airkm
20.Slovenia 3 bikes 6648 Airkm
21.Spain 2 bikes 6484 Airkm
22.Russia 0 bikes - - -


Total Bikes 511

Nationalities22
Winner: Holland
CAA Club attendance award:Belgium (mat 121 vun am ganzen 843 Memberen)
Most bikes:Holland

Dann goufen och déi längst zeréckgeluechten Distanzen geéiert:

Longest Distance FemaleKatriLaurilia Finland 2000 km
Longest Distance Male PleuraEsa Finland 2688 km

Den eelsten Goldwingfuerer vum Treffen:

Oldest Driver Jean Tuescher Schweiz 74 years

Déi jengsten Goldwing Fuererin vum Treffen:
Youngest DriverNadine ColloseusDeutschland 19 years
All d'Fotoen vun dësem an och de läschten Joeren: http://public.fotki.com/gwcl
Weider Infoen iweert GWEF Goldwing European Federation: www.gwef.net