Informatiounsowend iwwer den Defibrillator zu Wäiswampich

Op Invitatioun vum Här Morn, Schäffen an der Gemeng Wäiswampich, huet de Club Haus op der Heed zesummen mam Kardiolog an Noutfallmedeziner Dr med Patrick Wambach een Informatiounsowend iwwert den Defibrillator organiséiert. Jiddereen huet dës AED’en (automatisierter externer Defibrillator) schonn gesinn an weess och datt dëst een sougenannten Defi ass, den een am Noutfall benotzen soll. Vill Leit hunn awer Hemmungen, fäerten si kéinten eppes falsch maachen… Wärend dësem Owend gouf erkläert wat een ënnert Basisreanimatioun versteet an wéi liicht jiddereen den Defi bedéngen kann. Um Übungsdummy „Anne“ konnten Nolauschterer sech dunn all selwer on der Häerzdrockmassage ausprobéieren. Deen selwechten Informatiounsowend gouf och schonn mat groussem Erfolleg zu Wëntger ofgehal.

Den nächsten Infoowend Defi fënnt Ënn Oktober zu Cliärref statt.

Club Haus op der Heed sicht ëmmer erëm Dokteren an aner Experten déi bereet sinn, een Infoowend iwwert Themen ofzehalen, déi fir d’Allgemengheet wichteg an nëtzlech sinn.