Scheckiwwereechung van der Martinsfeier fir "Autisme Luxembourg"

Ëlwen-Wäiswampich

De Martinscomité van der Par Ëlwen-Waïswampich iwwereecht ee Scheck van 1850 Euro an den Här Thielen vam Foyer "Autisme Luxembourg" zu Boxer. Vu dass d'Martinsfeier am Joer 2020 wéinst Corona ausgefall war, hat de Martinscomité een Opruff gemat fir een Don ze man. Am November 2021 konnt d'Martinsfeier erëm stattfannen zu Wäiswampich am Zelt. Merci allen die een Don gemat han fir „Autisme Luxembourg“ a merci allen die bei der Martinsfeier zu Wäiswampich dobai waren. Die nächst Martinsfeier mat Cortège ass Samsdig, den 12. November 2022 ëm 17.00 Auer zu Wäiswampich am Zelt.