Chouer an Orchester fir 150 Joer

150 Joer feiert d´Chorala Municipale Ste Cécile vu Woltz dëst Joer. Den Héichpunkt a gläichzäiteg Ofschloss ass sonndes, den 12 November um 17 Auer an der Kierch zu Nidderwoltz. ze

Zesumme mam Orchester Estro Armonico, de Solisten Danièle Patz, Myriam Pütz–Weisgerber, Moritz Külbs a Guy Pütz séngt d'Chorale ee besonnesche Programm mat 3 Wierker. Osterkantate vum Richard Bartmuß, Caecilia Apud Amnem, eng Creatioun fir dësen Anniversaire vum Yann Windeshausen, an de "Lobgesang" vum Felix Mendelssohn.

Jiddereen ass häerzlech invitéiert, den Entrée ass fräi, nom Concert ass eng Quête.