Ee ganz interessante Projet steet bei der Chorale Municipale Woltz virun der Dir. Op Invitatioun vum Stadtchor Schongau an Oberbayern, huet d’Chorale Woltz déi eemoleg Geleeënheet un engem grousse Concert fir Chouer an Orchester an der weltberüümter "Wieskirche" bei Steingaden deelzehuelen.
Zesumme mam Orchester vun der "Neue Süddeutsche Philharmonie" féieren déi 2 Chéier de „Lauda Sion“ vum Felix Mendelssohn an den „Te Deum“ vum Georges Bizet op. Desweidere steet och „Serenade to Music„ vum Ralph Vaughan Williams um Programm. D’Leedung vum Concert huet de Markus Bauer.
Fir dëse Concert virzebereeden, prouft d’Chorale Woltz ewell zanter puer Méint intensiv. Vum 17. bis den 21. Juli geet d’Rees dann an Oberbayern, wou déi gemeinsam Prouwe mam Chouer vu Schongau oflafen.
Dë Concert ass Deel vun de « Wieskonzerte ». Den Termin vum 20. Juli 2025 um 18 Auer ass ideal fir déi intresséiert Leit, déi eventuell zu dëser Zäit an dëser Géigend Vakanz maachen. Weider Detailer fënnt een hei: www.wieskonzerte.de
Esou ee Concert fonctionnéiert natierlech nëmmen op Géigesäitegkeet. Deemno gëtt dëse Concert eng zweete Kéier opgefouert, an dat zu Lëtzebuerg. Sonndes, de 5. Oktober um 17 Auer ass de Concert zu Woltz an der Dekanatskierch ze lauschteren. Den Estro Armonico iwwerhëlt dann den Orchesterpart. D‘Soliste sinn dann och all Lëtzebuerger: Danièle Patz, Myriam Pütz-Weisgerber, Yann Windeshausen, Guy Pütz. Déi musikalesch Leedung huet de Claude Windeshausen. Niewent dem „Lauda Sion“ (Mendelssohn) an dem „Te Deum“ (Bizet) gëtt och den „Allegro pour orgue et orchestre“ vum Alexandre Guilmant opgefouert. Tickete kann een elo well bestellen, per Email: chorale.wiltz@gmail.com
Wéi den Zoufall et sou wëll, ass um Weekend vum Concert zu Woltz, och den Trounwiessel zu Lëtzebuerg. Mam Te Deum vum Bizet kritt dëse Concert deemno nach eng zousätzlech Nott.