Generéisen Don un d'Amicale Geenzebléi Woltz.

Harel: Presidentin Madame Henriette Michels vun den Altersfrënn vum Stauséi hat op Generalversammlung den President Huet Jing mat enger Delegatioun vun der Amicale aus der Geenzbléi Woltz invitéiert an hinnen een Don vun 1000 €  iwwerreecht. De President vun der Amicale war frou iwwert deen generéisen Don an hott dem Comité matt sengen Memberen vun den Altersfrënn een grousse Merci gesoot an hinnen erkärt wat si alles ënnerhuelen mat hiren Suen fir Bewunner aus der Geenzebléi. Bei senger Reed hott heen ewer och betount datt dat engem richtig gutt giff dunn, wann anner Veräiner aus der Regioun giffen gesinn, datt an der Amicale Geenzebléi zu Woltz am Altersheim eng gutt an wichtig Aarbicht giff geleescht ginn, an als Belounung d’Amicale dofir ënnerstëtzen.