E Scheck u Fondatioun Cancer

De Syndicat d’Initiative et de tourisme vun der Gemeen Wormer huet a Präsenz vum Här Minister fir Tourismus Lex DELLES kierzlech am Kader vu senger Generalversammlung e Scheck vun 1000.- € u Fondation Cancer iwerrecht. Madame Lucienne Thommes , Direktesch vun der genannter Associatioun huet de Scheck vun der nauer Trésorière vum Veräi Madame Monique Thommes entgéintgeholl. Verschidde Memberen aus dem Comité hunn aus Altersgrënn resp. aus gesondheetleche Grënn de Veräi verlooss, a wollte kee Cadeau bei hirem Ofgang. Duerfir ass decidéiert ginn e Scheck ze maachen an deen enger lukrativer Vereenegung zoukommen ze loossen. No der Iwwerreechung vum Scheck huet Mad. Thommes Merci gesot fir de generéisen Don an ass nach op Erausfuerderungen an Missioune vun der Fondation Cancer agangen.