Ovatioun fir di nau gewielte Gemeenevertrieder

Am Kader vun der kierzlech ofgehalener Generalversammlung vum Syndicat d’Initiative et de Tourisme vun der Gemeen Wormer sinn di nau gewielten Gemeenevertrieder geéiert ginn. Fir de musikaleschen Encadrement huet Chorale vu Wormer ännert der Leedung vum Stephanie Schlink gesuergt. Den 11. Juni 2023 woaren Gemeenewalen an et woar di éischte Kéier, dass Gemeen Wormer am Proporz-System huet misse wielen. 22 Kandidaten, dovu 7 Dammen a 15 Hären haten sech an zwou Equippen dem Wieler gestallt. 11 Kandidaten si bestëmmt ginn, d’Gemeen di komme 6 Joer ze féieren. De President Henri Hengel huet am Numm vum SITW deene Gewielte fir hir Decisioun, hire Courage an hiert Walresultat felicitéiert an hinnen eng grouss Satisfaktioun a vill Erfolleg an hirer Missioun gewënscht an dat zum Wuel vun allen Awunner vun der Gemeen Wormer. Et si geéiert ginn : Max Hengel, deen als éischtgewielten op der Lëscht „ Aer Equipe fir Wormer Gemeen „ de Buergermeeschter fir di kommend 6 Joer stellt. Bei den Nationalwalen huet de Max Hengel gutt ofgeschnidden an ass op der CSV-Lëscht a Chamber gewielt ginn. De President huet dem député-maire Max Hengel vill Erfolleg gewënscht. Claude Pundel , en alen Fuuss an der Gemeenepolitik , dé schonns säit 2005 am Gemeenerot setzt huet elo Mandat als Schäffen ugeholl. Mathis Ast ass bei de Gemeenewalen 2023 als éischtgewielten op der Lëscht „ zesumme fir is Gemeen „ gewielt ginn a bekleed elo e Mandat als Schäffen. Des Weideren sinn an de Gemeenerot agezunn : Martine Schmit, Martine Kohll, Judith Hippert-Kohler, Pierre Adam, Marc Beckius, Armand Becker, Marc Kohn a Marc Kring. De gewielte Gemeenevertrieder ass e schéine Bouquet Blumme vun der Rieslingskinnigin Sara an der Prinzessin Lilly iwwerreecht ginn