Schlemmerfahrt op der Marie Astrid

De Syndicat d'Initiative et de Tourisme vun der Gemeen Wormer hat Gewënner vum Blumeconcours op eng Schlemmerfahrt op Passagéierschëff Marie Astrid agelueden. Vill Leit woaren der Invitatioun nokomm an de President Henri Hengel konnt a senger Ried den fréieren Buergermeeschter an jetzgen Schäffen Mathis Ast souwei Conseiléren Martine Schmit an Pierre Adam an Memberen vum Jury vum Blumenconcours ganz härzlechst begréissen. Bei engem gudden Iessen an engem sëffegen Patt lëtzebuerger Wäin ass Rees bis op Einen gangen an dunn zeréck op Gréiwemaacher.