Seniorenfeier an der Gemeen Wormer

Gemeen Wormer an Alterskommissioun haten kierzlech op Seniorenfeier an den Centre Culturel op Wuermer invitéiert. An engem festlech dekoréierten Sall sinn Leit empfaangen ginn. Schäffin Martine Schmit huet di vill Leit häerzlechst begréisst an ass op di bestoend an nach ustoend Aarbechten an der Gemeen agaangen. Schäffin huet den Gemengenaarbechter an allen Leit, di un der Organisatioun vun dëser Feier bedeelegt waren villmools Merci gesot. Mat engem flotten Gesang - Concert mat Chrëschtlidder ënnert der Leedung vum Stephanie Schlink ass et dunn weider gaangen. De Kleeschen huet et sech net huelen gelooss an huet allen Uwiesenden e Glas Hunneg geschenkt. Bei enger Assiette an engem gudden Pättchen Wäin ass de gesellegen Nomëtteg zu Enn gaangen.