Sporasdag 2026 vun der Amicale des Anciens du C.A. SPORA

14
Nov
14 Nov

De leschten 12. September hat d’Amicale des Anciens du C.A. Spora hir Memberen op de järleche Sporasdag op Jonglënster an de Restaurant Va Sano invitéiert.

De Sporasdag ass mam Apero bei beschtem Wieder op der Terrasse ugepaff ginn. De President Jean Fiedler huet uschléissend d’Membere begréisst an hinne Merci fir hiert Komme gesot. Ebenfalls huet hien ernimmt dass d’Amicale des Anciens, fir e Veräin deen zënter 21 Joer net méi gëtt, déi erstaunlech Unzuel vun 194 cotiséierende Memberen huet a seet de hinne Merci fir hire Support.

No dëser kuerzer Usproch sinn d’Gäscht eriwwer an de Restaurant invitéiert gi wou si mat engem formidabele gängege Menü verwinnt gi sinn. De Kichechef a seng Ekipp huet wéi all Joer hirem Numm all Éier gemaach.

Géint 15:00 Auer, an iert den Dessert zerwéiert ginn ass, sinn d’Memberen nach mat enger Desk2Desk-Show vum Illusionnist Benito iwwerrascht ginn. Dëse klengen Intermezzo ass bei de Gäscht gutt ukomm.

Nom Dessert huet d’Tombolasekipp ëm de José Mousel, Raymond Decker a Raymond Schroeder nach eng gratis kulinaresch Tombola besteeënd aus Iessbongen vun eise Sponsoren ausgespillt. t’Tombola war esou conzipéiert dass et op all Dësch e Gewënner gouf. Duerno sinn ënner alle Memberen déi do waren nach 2 Corbeillë, ebenfalls vun eise Sponsoren, verloust ginn.

Géint 17:00 Auer huet den Arbitter dann de Sporasdag 2026 ofgepaff .De President huet de Memberen nach eng gutt Heemrees gewënscht an dass Si sech d’nächst Joer gesond a monter um Sporasdag 2027erëmgesinn. (John Stammet)