All Massendénger sinn häerzlech invitéiert, zesumme mat hirer Par op den diözesane Pilgerdag op Banneux ze pilgeren:
Dënschdes, den 8. September 2026. Mir géifen eis ganz besonnesch freeën, wa vill Massendénger dobäi wieren! 📷
Häerzlech Invitatioun: Bréngt w.e.g. Är Massendéngerkleedung mat, fir bei der Mass oder der Andacht ze déngen.
Rendez-vous: 20 Minutte virum Ufank vun der Mass bzw. der Andacht an der Sakristei vun der grousser Kierch zu Banneux. Eisen Nationalaumônier Reiners Jempi wäert Iech da fir den Déngscht um Altor andeelen.
Mir freeën eis op Iech a wënschen Iech elo schonn eng schéi Pilgerrees op Banneux!
#lëtzebuergermassendénger
https://web.cathol.lu/article14803