LPPD - Assemblée générale - Mir vergiessen keen

D’Ligue vun de Lëtzebuerger politesche Prisonnéier an Déportéierten (LPPD) huet sech den 06. Abrëll 2018 an der Villa Pauly fir hier jäerlech Assemblée générale versammelt. Nieft den Vertrieder an Memberen aus den verschiddenen Sektiounen vum Land waren natierlech och Représentanten vun verschiddenen aneren Organisatiounen vum 2. Weltkrich agelueden, ënnert anerem den Comité pour la Mémoire de la 2e Guerre mondiale.

An engem vollen Sall konnt den President Jean Pirsch op en gutt Joer 2017 zréck blécken, ënnert anerem mat der Publicatioun vun dem Albert Kaiser sengen impressionanten Linolschnëtter (zesumme mat dem Musée national de la Résistance Esch-sur-Alzette). Och fir 2018 ass déi nächst Publicatioun schonn ageplangt. Den Här Laurent Moyse konnt dunn op d’Fortschrëtter souwéi déi aktuell Aarbechten am Comité pour la Mémoire de la 2e Guerre mondiale agoen.

Gewarnt gouf virun den Geforen déi haut duerch totalitär Regimer ausginn. Ma gläichzäiteg och virun rietsem an extremisteschen Gedankengut oder Ideologien, déi leider well rëm deelweis an eisen Nopeschlänner mee och an Lëtzebuerg ukomm sinn. D’LPPD kämpft an och an Zukunft géint sou en Gedankengut, an verdeedegt d’Fräiheet déi hiren Grënnungsmemberen um Häerz louch, an deenen hier Nokommen genee dësen Geescht virun droen. Interesséiert Leit a Nokommen, déi nach net an der LPPD sinn, kënne sech gären bäi eis mellen.