Semaine Follereau am Lycée Fieldgen

Och dëst Joer huet de Lycée Fieldgen an der “Semaine Follereau“ vollen Asaz gewisen fir mat der Fondation Follereau an hirer Partnerassociatioun Fairmed iwwer déi aktuell Situatioun an der Zentralafrikanescher Republik ze diskutéieren.


A véier Echangë mat de Projetsmanager vu Fairmed, Vanessa Konaté a Fabio Molinari, an der Equipe vun der Fondation Follereau, hate ronn 500 Schüler d’Geleeënheet fir méi iwwer de Stand vun Zentralafrika an de Projet, deen et Aka a Bantou Populatiounen erméiglecht fir Zougrëff op eng qualitativ Gesondheetsversuergung ze kréien.


Aktuell a fréier Schüler, sou wéi d’Personal an d’Frënn vum Fieldgen hunn sech och dëst Joer erëm wäit iwwertraff a konnte fir de Projet an der Zentralafrikanescher Republik 15.873,25€ sammelen. Dës Zomm erlaabt et Fairmed an der Fondation Follereau 2.000 Frae pré- a postnatal Consultatiounen ze finanzéiere fir datt si eng medezinesch begleete Schwangerschaft kënnen hunn, ouni mussen ëm hiert oder d’Liewe vun hirem Puppelchen ze fäerten.


D’ganz Equipe vun der Fondatioun dréckt dem Lycée Fieldgen ee ganz grousse Merci aus fir d’Engagement an d‘Ressourcen, déi all Joer fir d’Semaine Follereau mobiliséiert ginn.