Een formidabelen Futtballspektakel e Sonden beim FCKWormer!

Dësen Sonden stoung den Championnatsmatch Beetebuerg géint Wormer Poussins op der Affiche. D´Bouwen vum FCKW haten sech schonn am Virfeld informéiert an woussten, dass mat Beetebuerg eng ganz gutt Equipe bei si op den Terrain keim. Direkt nom Ustouss hunn si probéiert Drock ze maachen an relativ direkt ass dem Eric Weisgerber, no enger schéiner Virlag vum Ivo Silva, een geféierlechen Schoss op den Goal gelongen, deen awer leider derlaanscht gaangen ass. An der 9. Minutt krut den Mattis Noel sech propper freigelaf an huet awer leider den Potto getraff. Et huet een gespuert dass eis Bouwen wannen wollten, mä iergendwéi hunn si net sou richteg an hiert Equipespill fonnt. Desst ass dunn an der 23. Minutt duerch een Goal, no engem flotten Kombinatiounsspill vum deenen Beetebuerger, bestrooft ginn. De Knuet war opgaangen bei der géignerescher Equipe an si hunn direkt nach 2 Goaler an der 27. an an der 28. Minutt dropgesaat, sou dass d´Halbzeitresultat 0:3 war.

Nom Téi huet et gläich nach eemol gerabbelt an den 0:4 ass gefall. Ween gemengt hat déi Wormer géingen elo ënner goen, deen ass eppes besseres beléiert ginn. Den Ivo Silva leeft eng Konter, dribbelt behäerzt op den Goal an ... Goal. Den Jubel war grouss. Eng Minutt dono, huet den Mattis Noel een Corner an den Strofraum bruecht an den Ivo Silva schéisst den 2:4. D´Supporteren waren aus dem Haischen an och Si hunn elo hier Equipe lautstark ugefeiert. Kuerz drop schéisst den Eric Weisgerber den 3:4 an den Ivo Silva den 4:4. Et war e Futtballspektakel wei een et nach ni gesinn hat vun eisen Bouwen. Si sinn geschlossen an als Equipe opgelaf an hunn voller Selbstvertrauen all déi Saachen ëmgesat, déi si vun hirem Trainer Guy Noel geleiert ginn sin. An der 20. Minutt ass et Beetebuerg zwar nach gelongen den 4:5 ze schéissen, mä déi Wormer hunn weiderhin e puer spektakulär Goalchancen erausgespillt. Och wann si dësen Match net gewonnen hunn, hunn d´Wormer Poussins dach gewisen dass si richteg schéinen Futtball kennen spillen, an och bei engem 0:4 Réckstand net ophalen un sech ze gleewen an dass si kämpfen bis zum Schluss. D´Supporteren bedanken sech bei deenen 2 Equipen vir deen extravaganten Match.