Schlammschluecht um Terrain vum FCKWormer!

Wei och déi lescht Joeren, hunn sech d´Pappen vun den Jugendspiller vum FCKWormer zesummen gedoe, vir eng Equipe ze stellen an beim Riesling Cup 2012, engem flotten Tournoi um Terrain zu Wormer, matzemaachen. Gespillt goufen 7 Matcher zu jee 8 Minutten. D´Nimm vun hiren Géigner, wei z. B. "Faass ouni Buedem", "Bloen Iesel" oder och nach "Ham, Fritten an Zalot" hunn schonn drop hin gewisen, dass et hei net ëm eng gëllen Kou géing goen, mee dass den Spaass, och am Schloreen, am Virdergrond sollt stoen. An am Geigensatz zu den Pappen, déi soss hier Bouwen iwwert den Terrain joen, waren d´Bouwen ganz gedëlleg mat hiren Pappen wann déi hier gutt gemengten Rotschléi net wierklech konnten ëmsetzen. Alles an allem war et, trotz an och e bësschen grad wéinst deenen extremen Wiederkonditiounen, e lëschtegen Metten vir Spiller an Supporter.