Gudden Ufank vun der Entente Wormer-Canech-Menster!

Obwuel nach Vakanz war dësen Weekend huet déi nei Entente konnten op 36 Kanner zréckgräifen vir déi éischt Championnatsmatcher ze spillen. Opgedeelt an 3 Equipen, dass och all Kand genuch ze spillen kritt, hunn dem Trainer Ben Wagner seng Bouwen zwar leider 0:3 géint den Racing verluer, mä dem Michel Schmit seng Equipe huet 4:1 géint Christnach gewonnen, sou wei och d´Jongen vum Men Ferron déi mat 6:0 géint Berbourg vum Terrain gaangen sinn.