Nei Trickot´en vir d´Poussins vum FCKWormer

Virun der Véirelsfinale vun der Coupe hunn d´Poussins vum FCKWormer eng nei Uniform kritt, gesponsert vun Lombardi Sports vun Rëmeleng.  Sou gutt ënnerstëtzt, hunn Si dunn och géint Miersch gewonnen an spillen elo an der hallwer Final géint Déifferdeng. Dësen, bestemmt spannenden, Match gëtt en Freiden den 15. Juni um 6 Auer zu Dreibuer um Terrain gespillt an d´Bouwen sinn frou vir all Zuschauer deen si ufeieren kennt. Den Verein an ganz besonneg d´Poussins vum FC Koeppchen soen dem René Lombardi an senger Equipe villmools Merci vir hier Ennerstetzung.