Den neie Panini-Album vun der Sparta ass eraus

D'Sparta Bléiser an d'Fanatics stellen den nächste Samschdeg op der Kreschtfeier vun der Sparta hiren neie Panini Sticker-Album iwwert de BBC Sparta vir. Ausser Biller vun de Spiller vun der Seniors A Ekipp sinn all d'Ekippen vun der Sparta, d'Sporthalen vun der DBBL, eng Serie Larrie Smith, eng Serie Sparta Bléiser etc. ze kréien. De Verkaaf léeft vum nächste Samschdeg un.
D'Biller sin ze kréien an Enveloppen zu je 6 Biller; beim Kaaf vum Album ass eng Serie vun 10 Biller abegraff; beim Kaaf vun 10 Enveloppen ass eng Enveloppe gratis derbei.
Lo héescht et Sammelen an Tauschen.