Sparta spillt deck mam Feier geint Pikes (79-76)

Mat engem schweirem Match geint Pikes, deen bis e puer Sekonnen virun Schluss nach komplett op wor, behaalen eis Jongen hier Leaderpositioun an der Tabell.

Vun Ufank un, huet eis Ekipp sech geint en gudd agespillten Geigner vun der Musel schweier gedoen. Pikes hun vun baussen gudd getraff, mee eis Zone Defense huet eischter d'Impressioun hannerloos, wei wann Pikes een Mann mei um Terrain gehaat hätt, well emmer en Shooter frai zum Worf koum.

Dei Miseler konnten sech dann och liicht oofsetzen, eier eis Ekipp erwecht ass an konnt den Score egaliseieren. Den offensiven wei och den defensiven Rebound gouf kloer domineeirt, mee dann war et mat der Dominatioun awer och schons färdech.

Trotz engem riesechen Avantage an der Taille, well den Pikser Ami frei mat 3 Feeler op der Bänk wor, kruut eis Ekipp den Ball einfach net un eis Centeren ennert den Kuerf. Desst Uspill vum Forward op den Center ass en groussen momentanen Problem bei eisem Spill deen an noer Zukunft ze behiewen ass. Den Cory huet just vun den Bäll geliewt dei en ennert dem Kuerf am Rebound gefaangen huet.

An der zweeter Halschent konnt eis Ekipp sech dun liicht oofsetzen an wei e puer Minuten virun Schluss den Avantage bei 10 Punkten wor, duecht eigentlech jiddereen an Atert et wär gelaaf.

Mee daat war d'Rechnung ouni d'Artlillerie vun der Musel gemaach. Duerch e puer 3 Punkten Werf (12 am Ganzen geint 7 vun der Sparta) konnten d'Pikes souguer 1 Minutt virun Schluss mat engem Punkt a Feierung goen. D'Victoire viir d'Pikes wär emol guer net esou onverdingt gewierscht. Mee e kloren Kapp an eng besser Routine hun eiser Ekipp et dunn awer erlaabt desen wichtechen Match ze gewannen.

Elo geet et en Donneschden geint Ettelbreck an der Coupe. Rendez-vous um 20h30 an Atert ....

www.sparta.lu