Gudde Start an dei nei Saison

Mission accomplie zu Ettelbreck, 75-63 Victoire geint Etzella.

Den eischten Optrett Sonden zu Ettelbreck huet eng Bartrenger Ekipp gewisen dei schon gudd rullt. No engem eischten Ooftaaschten an den Ufanksminuten huet d'Awieselung vum Xavier hier Friichten gedroen an duerch e puer wichtech Distanzwerf vun 6,75m konnt eis Ekipp sech am eischten Veierel schons liicht oofsetzen.

Erstaunlech wei all Spiller sech um Terrain eremfonnt huet. Esou huet den Trainerduo Stolz/Flammang 10 Leit virun der Paus op d'Feld gescheckt ouni en Leeschtungsooffall festzestellen. An der Attack ass den Ball nach net schnell genuch gedreint mee duerviir stoung eis Defense gudd an huet den Ettelbrecker bis ob e puer Ausnahmen just Distanzwerf zougelooss.

Den Cory huet sech an der Offense schweier gedun, huet awer den Ettelbrecker Scott perfekt oofgeschiirmt. Dem Cory seng Präsenz ennert dem Kuerf ass immens effikass an wärt wuel mei wei enger Ekipp Kappzebrieches maachen.

No der Paus konnten eis Jongen sech dun ob iwer 20 Punkten oofsetzen an hun dunn leider vergies Basket ze spillen. Wuel war et gudd dass se net weider gerannt sin, mee den Drang zum Kuerw huet einfach zevill gefeelt. Mee daat Ettelbrecker Spill war zevill vum Nelson Delgado oofhängech deen 50% vun hierne Punkten markeiert huet.

Et gouf profiteiert dei ganz Ekipp ze dreinen an dess Victoire war eigentlech zu kengem Moment an Gefoor. Op eng iwerzeechent Art an Weis ass d'Auer eroofgespillt gin an esou stoung schon mat Zaiten fest wien desen eischten Match vun der Sasion geing gewannen.

Mann vum Match war ouni Zweifel eisen Larrie deen esougudd an der Attack wei am Rebound en formidabelen Match gemaach huet.

Nexten Weekend hun mer en duebelen Spilldaach mam eischten Heemmatch geint Miersch an Sonden geet et dann op Diddeleng bei den Champion wou mer nach eng Revanche opstoen hun.