Season Opening 2010 Big Success!

Zenter dem Weekend vum 18/19 ass den Centre Atert definitiv aus der Summervakanz erem.

Och wann schons den Training viir vill Ekippen zenter Wochen leeft, ass dei nei Saison definitiv leschten Weekend mam traditionnellen Season Opening lanceiert gin.

Desst Joer hzet sech desst Fest iwer 2 Deech gezun. Samsten hun eis Dammen den Optakt gemaach mat enger Victoire geint Schieren. Dono woren eis Hären drun an konnten geint Saarlouis iwerzeechen. Beim Galamatch teschent dem Bundesligisten vun Ulm an der belscher Ekipp vun Pepinster hun mer leider keen spannenden, mee duerviir awer spektakulären Basket gesin.

Am Kader vum 75ten Anniversaire hun och eis Pätteren an Giedelen vun den neien Sparteens-Uniformen Merci gesoot kritt an eng grouss Familjenfoto mat allen Spartas Aktiven stoung Samstes um Programm.

Sonden sin den ganzen Daach iwer op 2 Spillfelder Testmatcher vun eisen Jugendekippen gespillt gin.

Eisen neien Sparta-shop asst direkt den eischten Weekend iwerlaaf gin, an ass den neien Commanden baal net nokomm. Dei nei Collectioun mat T-shirts, Jogging, Poschen, etc ... ass gudd ukomm an desen Shop wärt och bei all Heemmatcher fonkktionneieren.

Nexten Weekend kommen eis Jugendekippen dann am Championnat an den Asaatz. Eis Seniors kommen ereischt den eischten Oktoberweekend drun.

Mir wenschen all Spartaner eng flott, interessant an erfollegraich Saison 2010/2011.