Sparta klappt Miersch

E Freiden den Owend gewënnt d'Sparta kloer géint den Opsteiger Blackstar Miersch matt 87-69. Vun Ufank un konnt d'Sparta de Match dominéieren an huet nie Zweifel un der Victoire opkomme gelos. Virun allem de Cory konnt Miersch ufanks net an de Grëff kréien sou dass hien nom éischte Véirel schonns 12 Punkten hat. Kuriéis war dunn am zweete Véirel de Fait, dass den Tom an de Cory kuerz noeneen hu missen ausgewiesselt ginn matt éngem Cut um An. Deenen zwee geet et awer gutt an et besteet keen Zweifel un hirem Asaz e Sonnden.
An der Paus war d'Sparta 9 Punkte vir, dëst well Enn 1.Halschent d'Intensiteit an d'Konzentratioun nogelos hunn.
Déi zweet Halschent konnt den Avantage bis op maximal 28 Punkten ausgebaut ginn.
Positiv ass och op en Neits, dass no 15 Minutten schonns 10 Spiller agesat goufen ouni dass e grousse Leeschtungsbroch am Spill war. Och bei der Punkteverdeelung gesäit een e staarke Kollektiv wou quasi jiddereen capabel ass zweestelleg ze scoren.