65 Primen an Héicht vu 7.025 Euro iwwerreecht

Schoulesch Leeschtunge gi belount an esou konnte 65 Primen an Héicht vu 7.025 Euro u Beeforter Schüler a Studenten iwwerreecht ginn. Vun den 71 agereechten Demanden goufen der 65 zeréckbehalen. D’lescht Joer goufen 63 Prime mat engem Total vun 6.425 Euro verdeelt.

Am Kader vun enger klenger Réceptioun goufen déi jonk Leit vum Buergermeeschter Camille Hoffmann begréisst. Hien huet se fir hir gutt Resultater gelueft an ermontert mam nämmlechte Fläiss weiderzefueren. D'Presidentin vun der Schoulkommissioun Lily Scholtes huet de Schüler a Studenten d'Enveloppe mat der Primen iwwerreecht.