Holzstee mat Lietsch

De leschte Samschdeg huet d’Gemeng eng Holzstee mat Lietsch um “Kréiwenkel” (tësche Beefort an der Vugelsmillen) organiséiert. Eng Rei Leit hu sech gefrot wat eng Lietsch ass an hei kënnt elo d’Erklärung. Eng Lietsch ass eng Gedrénksbud oder improviséiert Zelt op de Kiermessen, Foiren, Bëschfester an Holzauktiounen a Steeën. Fréier, wann de Wiert fir e puer Stonnen op enger Stee war, huet hie misse säi Café zoumaachen well hien dee Moment seng Konzessioun fir ze Zape mat op déi zäitlech begrenzte Plaz matgeholl huet. Haut gëtt d’Wuert Lietsch geholl fir eng kleng Stäerkung bei enger Stee ze beschreiwen. Een anert Wuert fir “fir Iessen a Gedrénks” also.


Bei der Holzaktioun goufen am Ganzen 80 Ster Bichenholz a sechs Ster Eechenholz versteet. Zwee Ster oder duebele Ster sinn ee Kouert. No Definitioun aus dem Gesetz iwwer d’Commercialisation des bois bruts vun 1973 ass ee Kouert zwee Meter laang, ee Meter breet an 1,04 Meter héich. Eng Kouert entsprécht wa se gutt getässelt an uerdentlech gerass ass ongeféier 1,40 Kubikmeter Festvolumen Holz.


Op de Steepräis kommen nach aacht Prozent TVA dobäi an ënnert dem Stréch koume bei der Holzstee 5.769,36 Euro eran.