Nationale Gedenkdag zu Beefort

Am Kader vum Nationale Gedenkdag gouf och zu Beefort un d’Resistenz vum Lëtzebuerger Vollek während der Occupatioun an der schwéierer Zäit vun 1940 bis 1945 erënnert. Mat enger Mass huet d’Gedenkfeier an der Porkierch ugefaangen an hei huet d’Pastoralassistentin Josiane Mirkes drun erënnert, datt mer haut, ronn 75 Joer no der Befreiung, déi Joren net däerfe vergiessen, och wann déi meescht Leit déi Zäit glécklecherweis net materlieft hunn.


No der Mass huet de Schäfferot mam Camille Hoffmann, Lily Scholtes an Emile Wies Blumme beim Monument aux Morts néiergeluecht. Mam Sange vun der Heemecht gouf dës Gedenkfeier ofgeschloss. An der Kierch an och dobausse beim Monument hunn d’Chorale Ste Cécile vu Beefort a Chorale Sang mat Waldbëlleg-Haler d’Gedenkfeier musikalesch encadréiert.


Des Weidere soll ee den 21. Dezember virmierken. Am Laf vum Moien erënnert de “Cercle des Anciens de la Garde Grand-Ducale” mat enger “Night Vigil” un den Ufank vun der Rundstedoffensiv viru 75 Joer (16. Dezember 1944).