Nationalfeierdag zu Beefort

E Freidegowend gouf zu Beefort den Nationalfeierdag zelebréiert. D’Fest huet mat engem Te Deum an der Porkierch ugefaangen, dee vun der Porassistentin Josiane Mirkes gestalt gouf. Uschléissend huet de Buergermeeschter Camille Hoffmann op der Trap vum Gemengenhaus eng Usprooch gehalen.   


A sengem Réckbléck ass hien op d’Entwécklung vun de leschten zwielef Méint agaangen, déi sech net zum Bessere beweegt huet. Hei sinn et besonnesch d’Vereente Staate vun Amerika, déi ëmmer méi egoistesch optrieden a laangjäreg Frëndschaften op d’Prouf stellen. Wiederkatastrophen, déi een eigentlech nëmmen aus den Noriichte kennt, hu virun e puer Wochen eis Géigend getraff. Net nëmme grouss Schied bei de betraffene Leit um Grondhaff an an der Natur sinn entstanen mais och d’Infrastrukture vum Drénkwaassersystem an der Gemeng hu gelidden. Glécklecherweis huet beim éischten Onwieder d’Dier vun enger Quell am Mëllerdall dicht gehalen an esou konnt kee knaschtegt Waasser erakommen. Beefort ass mat engem bloen An dovukomm.


Aneschtes gesäit et um Grondhaff an Déiljen aus. Besonnesch dat zweet grousst Onwieder huet am Beräich vun den Quellen zu Déiljen grouss Schied hannerlooss. Ronn eng Dose grouss Beem goufen entwuerzelt an op de verschiddene Plaze si reegelrecht Krateren entstanen. Doduercher kënnt d'Uewerflächewaasser praktesch ongefiltert an den Drénkwaassersystem. D’Aarbechten an dësem Naturschutzgebitt lafe weiderhinn op Héichtouren an et gëtt alles ënnerholl fir datt zu Déiljen an um Grondhaff rëm propper Waasser duerch d’Leitungen leeft. All deene Leit, déi deeglaang am Asaz waren, huet de Camille Hoffmann ee grousse Merci gesot.


Traditionell ginn am Kader vum Nationalfeierdag verdéngschtvoll Pompjeeë geéiert. Siwe Jugendpompjeeën hunn de Wëssenstest am Bronze bestanen: Spike Delleré, Chloé Diederich, Max Kohl, Anina Mass, Laury Tholl, Joy Wagner an Nathalie Weis. Am Sëlwer hu mat Succès ofgeschloss: Robin Antony, Liv Bintener, Tom Meyers an Olivier Weis. D’Sëlwermedaile vun der Fédération nationale de la mutualité luxembourgeoise fir 20 Joer Déngscht krut de Guy Tholl iwwerreecht.


Nom Sange vun der Heemecht duerch d’Beeforter Chorale Ste Cécile zesumme mat der Chorale Sang mat Waldbëlleg/Haler ass et am Cortège weider an de Kummelsbau gaangen, wou eng Receptioun mat Éierewäin war, déi vun der Gemeng an Zesummenaarbecht mat der Kulturkommissioun offréiert gouf. De Judoclub vu Beefort huet uschléissend ee Bal organiséiert an de Groupe sportif, récréatif et culturel Fiolhoso-Beaufort huet Grillspezialitéiten ugebueden.