Sécher Spillplaz

No Aarbechte vun iwwert engem Joer hunn d’Schoulkanner vu Beefort hir Spillplaz bei der Schoul rëm zréck. 2017 goufe sämtlech Spillplazen an der Gemeng gepréift an et huet sech erausgestallt, datt se zum gréissten Deel nët méi den aktuelle Sécherheetsnormen entspriechen.


Zësumme mam Forum pour l’emploi gouf een neit Konzept ausgeschafft. Sämtlech Spillplaze gi moderniséiert an op de leschte Stand vun der Sécherheet bruecht. Sou ginn zum Beispill pro Joer aacht “Inspections visuelles” a véier “Contrôles opérationels” duerchgefouert. Des Weidere kënnt Luxcontrol d’Spillplaze regelméisseg iwwerpréiwen a wann alles an der Rei ass da kritt een de Label “Sécher Spillplaz”. Dëse Label ass fir ee Joer gutt. Déi nei Spillplaz bei der Schoul erfëllt sämtlech Conditioune an huet soumat de Label “Sécher Spillplaz”.


Alleng déi Spillplaz bei der Schoul, déi zesumme mat de Schoulkanner offiziell ageweit gouf, huet 120.000 Euro kascht. Schoulkanner, Vertrieder vun de "Mennien" (si hunn de Schoulkanner ee Käschtebam geschenkt fir bei Sonn Schied ze hunn), dem "Forum pour l'emploi" a "Createch" ware bei der klenger Feier vertrueden. De Cycle C1 huet fir Ënnerhalung tëschen de verschidde Riede gesuergt. Deemnächst wäert rëm d’Spillplaz an der Härewiss zougänglech sinn a fir d’nächst Joer soll d’Spillplaz bei der Äispist nei sinn. Déi aner Spillplazen an der Gemeng matgerechent da kënnt een op eng Gesamtinvestitioun vu bal 800.000 Euro.