Zwielef Flatterulmen geplanzt an de restauréierte Klingelbuer ageweit

Am Kader vum nationalen Dag vum Bam goufen de leschte Samschdeg zu Beefort beim Klingelbour zwielef Flatterulmen geplanzt. Eelef Beem sti stellvertriedend fir déi eelef Gemengen aus dem Natur- & Geopark Mëllerdall (Bäertref, Bech, Beefort, Fëschbech, Fiels, Hiefenech, Iechternach, Konsdrëf, Noumer, Rouspert-Mompech a Waldbëlleg) an ee Bam fir den Natur- & Geopark Mëllerdall. Et ass fir déi véierte Kéier, datt d’Gemengen aus dem Natur- a Geopark Mëllerdall eng gemeinsam Planzaktioun organiséiert hunn.


De Rendezvous war um Parking beim Schlass. Nodeems een e bëssche laanscht d’Schlass an duerch de Bësch getrëppelt ass huet de Buergermeeschter Camille Hoffmann zum Schluss vum virun zwee Joer ageweite Holzsteg d’Éieregäscht begréisst, dorënner och d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Um Wee bei de Klingelbuer konnt een am Dall d’Fiichtegkeet gutt spieren a genau dës Fiichtegkeet bitt dem Bam vum Joer 2019, der Flatterulm, ideal Bedingungen un. Hei am Dall leeft och d’Haupeschbaach an dréit soumat ee groussen Deel zu der Fiichtegkeet op dëser Plaz bäi.


No enger kuerzer Aféierung an d’Thema an e puer Erklärungen zum Site an dem Bam vum Joer gouf geschafft. Déi eenzel Gemengevertrieder kruten eng Schëpp mam Numm vun hirer Gemeng iwwerreecht a si hunn zesumme mat der Ekipp vum Natur- & Geopark déi dräi lescht Beem geplanzt. Ënnerstëtzung krute se dobäi vum Fierschter Marc Hoffmann a seng Ekipp, grad esou vum Service technique vun der Beeforter Gemeng. Déi aner Beem goufe schonns am Laf vun der Woch vun de Beeforter Schoulkanner geplanzt. Ofschléissend hunn déi jeeweileg Vertrieder eng Plaquette un hire Bam dru gemeet.


No dësem éischten Deel gouf de restauréierte Klingelbuer mam Waasserspill ageweit. Dëse Projet gouf zesumme mam Natur- & Geopark Mëllerdall am Kader vun engem Interreg-Projet vun Dréchemaueren (Les murs en pierre sèche dans la Grande Région) realiséiert an den Devis an Héicht vun 291.525 Euro gouf an der Sitzung vum 20. September 2013 gestëmmt. De Klingelbuer ass ee fréiere Wäschbuer bei der Haupeschbaach, déi hei laanscht fléisst. Dréchemauere ginn ouni Speis gebaut an dat eenzegt, wat ee brauch, sinn d'Steng, een Hummer an ee Meessel. Eng Dréchemauer schaaft ee Liewensraum fir Planzen, déi d'Dréchent an Déieren, déi d'Wäermt gär hunn. De Jo Goergen vum Natur- & Geopark Mëllerdall ass Responsabel fir den Interreg-Projet vun den Dréchemaueren a bei dëser Geleeënheet huet hie weider Erklärungen zu den Dréchemauere ginn.


Eng archimedesch Schrauf, eng Waasserblumm, eng Waasserkaskade an ee Millerad sinn ënner anerem de Bestanddeel vun engem erliefnespädagogesche Waasserspill, dat op dëser Plaz opgeriicht gouf. Dëse Projet am Optrag vun der Beeforter Gemeng gouf vu “Pact” vu Gréiwemaacher entwéckelt a soll d’Plaz net wäit ewech vum Schlass méi attraktiv gestalten an dat net nëmme fir Touristen mais och de ville Wanderer a hir Kanner, déi hei laanscht trëppelen a flott Stonnen zu Beefort verbréngen. Des Weideren erméiglechen nei Sëtzgeleeënheeten eng Paus matzen an der Natur anzeleeën.