Avenir Beggen - Minerva Lëntgen 1-0


Virun der Rekordkuliss vun dëser Saison gewannen d'Wiichtelcher mat Gléck a Geschéck viru ronn 300 Zuschauer géint den direkte Konkurrent am Ofstigskampf, d'Minerva Lëntgen.

D'1.Halschent hat Beggen komplett am Grëff. Schon no 9' huet den Nzita iwwer riets op den Demeyer gepasst, mä den Theis konnt hei a Corner deviéieren. Nëmmen eng Minutt méi spéit ass e Schoss vum Gielty och erëm a Corner gekläert ginn. Den Avenir sollt d'Iwwerhand behalen, mä bis d'32.' gouf et kaum nennernswäert Aktiounen, déi Lëntgener Konterattacken sinn och zimlech séier am Näischt verpufft. Dunn sollt et awer eescht ginn: huet de Gielty nach eng éischt Riesechance verginn, war et de Varela deen eng schaarf Flank vu riets an de Strofraum bruet huet, den Denigro huet dee Schoss Volley a mat vollem Risiko geholl an de Ball ass no beim rietse Poteau zum 1-0 ageschloe. Quasi direkt nom Goal huet dësen Denigro dunn verletzungsbedéngt awer misse Plaz fir de Vaz Dos Reis maachen. An der 34.' hat Lëntgen hir eenzeg Chance virun der Paus, e Fräistouss no 34' konnt de Chrismousse awer halen.

Nom Téi sollt Lëntgen méi Undeeler um Match kréien, obschonn d'Wiichtelcher déi éischt grouss Chance haten: de Gielty ass eleng duerch komm, mä just virum Keeper ass him de Ball versprong, hie krut en net ënner Kontroll an den Theis konnt klären (51.'). 4' drop gouf op der anerer Säit e Schoss vum Kamouni gehal, éier Lëntgen wuel innerhalb vu Sekonnen hir wuel bis dohinner zwou gréisste Chance haten: e Gewaltschoss vum Robert esou wéi en Distanzschoss vum Alain de Almeida konnt de Chrismousse jeeweils just ewechfauschten, mä et sollt effektiv kee Schued entstoen. An der 61.' war et dunn erëm u Beggen: e gudde Corner vum Nzita huet de Vaz Dos Reis per Kappball Richtung Goal bruet, mä den A. de Almeida konnt dee Ball vun der Goallinn käppen. An der 81.' huet de Mores et nach eng Kéier mat engem Gewaltschoss probéiert, de Chrismousse konnt dee Ball net festhalen, mä de Ben Greiveldinger konnt in extremis klären. An der 85.' hätt de Vaz Dos Reis kënne fir eng Virentscheedung suergen, mä säi Schoss goung driwwer. Zum Schluss huet Lëntgen alles no vir geheit, mä trotz 5' Nospillzäit an engem Belagerungszoustand ronderëm de Beggener Strofraum sollt et der Minerva net méi geléngen, zum Ausgläich ze kommen.

Beggen gewënnt also domat dëse Championnatsmatch mat Coupe-Charakter a behält domat eng Chance, de Barragematch nach ze erreechen, mä dofir muss een elo och nach nächste Samschdeg um 18h zu Stengefort bestoen an dofir ass et hei den Appel un d'Supporter, eiser Equipe eng gréisstméiglech Ënnerstëtzung ze ginn. Leider gouf et dee Match haut net ouni e Verléierer. Mir wënschen eise Frënn vu Lëntgen elo schon emol Alles Guddes fir d'nächst Saison an datt se séier erëm an d'Éirepromotioun zréckkommen!

[ Source: www.wichtelweb.net ]