Caeciliefeier vun der « Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg » (SMAL)

Bei der Caeciliefeier vun der Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg zu Beggen an der Pizzeria GIRASSOL huet de President Raymond Mahnen niewent de MusikantInnen och d’Famill an d’Bekannte begréisst, déi gehollef hu bei der Journée nationale de l’accordéon am Alen Tramsschapp, déi vun der Société municipale des accordéonistes de Luxembourg organiséiert gouf.
Fir d’ganzt Joer gouf d’SMAL fir 13 Concert-ën engagéiert a si huet bei der Sprangprëssëssioun fir déi 33. Kéier d’Sprénger vu Pax Christi begleet. Fir hiirt Engagement an hiren Äifer sot de President dem Dirigent Romain Kraus grad wéi de Musikante Merci an huet dann e gudden Appetit gewënscht.
Beim Dessert hunn de President an den Dirigent dem Rosa Moreira Dos Reis Pinto eng Sëlwermedaille fir 20 Joer Aktivitéit iwwerreecht.
Weider Biller an Informatiounen ënnert www.accordeon.lu.