Positiv Bilanz vun der Société municipale des accordéonistes de Luxembourg

Generalversammlung bei der Société municipale des accordéonistes de Luxembourg (SMAL):

Bei senger Begréissung huet de President Raymond Mahnen den Aktiven an de Membre Merci gesot fir d’Aarbecht an d’Ënnerstëtzung am vergaangenen Aarbechtsjoer. Mat enger Gedenkminutt gouf un all verstuerwe Membre geduecht.
Mat sengem Rapport dokumentéiert den Dirigent Romain Kraus a senger Qualitéit als Sekretär, datt d’Société municipale des accordéonistes de Luxembourg mat 2016 en aarbechtsräicht Joer hanneru sech huet. De Comité war 8 Mol beienee fir d’Gestioun vum Veräin z’organiséieren.
Wat déi musikalesch Activitéiten ubelaangt: mir hate 37 Prouwen an 10 Concert-ën; doniewent ass op eis traditionnell Participatioun bei der Iechternacher Sprangprëssëssioun hinzeweisen. Speziell ervirzesträichen wir dann eist Matmaache beim Akkordeon-Festival zu Idesheim (D) am Abrëll 2016.
Bei de Prouwen an den Optrëtter gouf et an der Moyenne eng Presenz vun 71,3%. De President huet den 3 äifregste Musikante eng kleng Unerkennung iwwereecht: d’Rosa Moreira huet déi meescht Presenzen opweises, op 2. Plaz den Hendrik van den Bulcke an de Guy gouf den Drëtten.
E grousse Merci gëllt alle Musikantinnen, Musikanten an dem Comité fir hiirt Engagement an déi gudd Ambiance am Veräin. Mercië goungen un de Vic. Kolb fir säin Asprangen als “Sous-Chef” wann den Dirigent emol verhënnert ass, an un d’Danielle Ludwig fir d’Ënnerhale vun der Homepage a fir d’Editioun vum Veräinsblad “d’Quëtschbloder”. Di neitsten Nummer vun der “Quëtschbloder” ass an der Versammlung verdeelt ginn.
Den Tresorier Brice Junius huet duerno de Keessebestand presentéiert. D’Keess gouf exemplaresch gefouert an d’Finanze si méi wéi nëmme gudd. D’Keesserevisoren hunn dat confirméiert an der Assemblée proposéiert, dem Tresorier d’Decharge ze ginn, wat d’Assemblée eestëmmeg gemaach huet.
De Comité krut dann och d’Decharge fir seng Aarbecht.
Fir d’Deelerneierung vum Comité waren d’Mandater vu Brice Junius, Romain Kraus a Raymond Mahnen z’erneieren. Aus perséinleche Grënn huet d’Monique Simon seng Aufgaben am Comité opginn. Dien neie Comité setzt sech zesummen aus Fernand Buchholtz, Monique Feitler, Brice Junius, Romain Kraus, Raymond Mahnen, Guy Schmit a Bruno Dinis, dee kooptéiert ass.
2017 gëtt erem en aarbechtsräicht Joer: den Agenda weist scho Concertën zu Ettelbréck (8.4. am Centre Pontalize), zu Diddeléng (17.9. bei den Amis de la Fleur), zu Berbuerg (1.10. am Haaptmann’s Schlass) an zu Bouneweg (2.12. um Basar de solidarité). De 26.11. organiséiert d’Société municipale des accordéonistes de Luxembourg am Alen Tramsschapp en Accordéons-Dag bei deem d’Escher “Amis de l’accordéon” an de Menninger Akkordeon-Spielring matmaachen.
D’Monique Buchholtz-Feilter huet de Merci un d’SMAL vum Organisateur vum Dag fir Télévie zu Kautebaach iwwerbruecht. Den 19.2. dëst Joer huet d’SMAL den Honorar fir hire Concert un Télévie gespend.
D’SMAL emfielt sech, fir och op Ärem Fest, Bazar oder bei enger anerer Geleeënheet mat engem Bouquet vu bekannten a beléifte Melodien Ärem Public e kuerzweiligen Nomëtteg oder Owend ze bidden. Fir méi Detailer kuckt w.-e.-g. ënnert www.accordeon.lu.