SMAL - Medaille fir am Ganze 85 Joer Aktivitéit !

Bei der Caeciliefeier vun der Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg zu Beggen am GIRASSOL huet de President Raymond Mahnen zefridden op d’läscht Joer Aktivitéit zréckgekuckt, an de Musikante Merci gesot fir hiirt Engagement an hiren Äifer. De Gilbert Girsch, Vertrieder vun der UGDA, huet de Merci vum Verband iwwerbruecht a gläich e puer Accordéoniste gëéiert:
D’Irène Goergen-Nau, den Tom Conrad an de Claude Seiler kruten eng Verbandsspéngel fir 5 Joer Aktivitéit. Dem Brice Junius (Tresorier) gouf eng sëlwer Verdéngschtmedaille fir 20 Joer Aktivitéit ugespéngelt, an de Romain Kraus (Dirigent a Secrétaire) gouf mat enger Sëlwermedaille Grand-Duc Adolphe fir 50 Joer gëéiert.

www.accordeon.lu