Wichtel-Cup - Stroossen a Monnerech gewannen um Belair (Fotogalerie)

An der 4.Oplag vum Wichtel Cup, e Futsal-Turnéier dee vun der Jugendkommissioun vum Avenir Beggen organiséiert ginn ass, waren am Ganzen 16 Equipe aus 8 Veräiner am Asaz. An de Kategorien Bambinis a Pupilles sinn d'Spiller mat vill Freed a Begeeschterung am Centre Sportif Belair un d'Saach erugaangen a si an de Fussball waren a sech all Gewënner.

Hei dann d'Klassementer vun deenen 2 Turnéieren, ugefaang mat de Pupillen, déi gëschter Muergen vun 8h30 un am Asaz waren: 1.Stroossen, 2.Monnerech, 3.Izeg, 4.Hueschtert, 5.Beggen, 6.Märel-Belair, 7.Hesper an 8.Steesel. An dann d'Schlussresultat vun de Bambinien, déi Nomëttes ugetruede sinn: 1.Monnerech, 2.Hueschtert, 3.Stroossen, 4.Beggen, 5.Hesper, 6.Steesel, 7.Märel-Belair an 8.Izeg.

Den Avenir Beggen seet dann och alle Spillerinnen a Spiller, Trainerinnen an Trainer, den Arbitteren, den Zuschauer a Benevolen esou wéi och der Stad Lëtzebuerg Merci fir hier Ënnerstëtzung an Hëllef. E grousse Merci geet och un d'Entreprise de Peinture Yves Braun, déi fir dësen Turnéier all d'Medaillen an d'Coupe gestëft huet!

[ Quell: www.wichtelweb.net ]