Den FC Monnerech mécht säi Meekranz

Déi ganz trei vum FC Monnerech haten et sech nees net huele gelooss an hu sech schonns um siwen Auer um Parking vum Monnerecher Stade Communal Rdv gi fir vun do aus an de Monnerecher Bësch ze fuere fir den traditionelle Meekranz ze maachen. Dat ware Leit vum Comité, vun der Jugendkommissioun, vum COOC, Spiller vun der zweeter Équipe a Pappe vu Jugendspiller. Am ganzen waren dat dëst Joer zwanzeg Leit.

Et war schéint Wieder an nodeems den Niwwel sech duerch d'Bascht gemaach huet, konnt een de wonnerschéine Sonnenopgang bewonneren. Natierlech waren déi vum FC Monnerech nees déi éischt am Bësch! Dee war dëst Joer besonneg gréng an et war genuch do, dass all Veräin säi Meekranz maache konnt. Wou déi eng Équipe mat hirem Meekranz fäerdeg war, huet déi aner nach een zweete gemaach. Esou hate mir um Enn der dëst Joer zwee. Duerno sin mer all zesummen zeréck op den Terrain 1 gefuer wou déi zwee Meekranz opgehaange goufen. Zesummen ass dann och mat aneren déi mëttlerweil och agetraff waren, een drop geprost ginn an dann ass och schonns d'Feier vum Grill ugeschmass ginn. Um véirel op eelef huet et dann awer leider ugefaange mat reenen. Dat sollt eis awer net sonnerlech stéiere well mir virgesuergt haten an e grousst Zelt opgeriicht haten. Do konnt jiddereen am dréchene sëtzen. Mee souwisou, géint zwielef Auer war de Reen nees eriwwer. an esou konnt gemittlech gefeiert ginn.

Vill Leit sinn der Invitatioun vum Club nokomm a sinn op den Terrain 1 komm. Si sinn net enttäuscht ginn. Eng Rei Spiller vun der éischter Équipe waren och mat Fra, Kanner oder Frëndin komm. Och Trainer a Co-Trainer ware mat der Famill do. De Manuel huet Sardinne gegrillt, de Perdro an de Luca ware fir d'Wuppen zoustänneg, de Refik an den Dzevad fir Cevapcici an de Willy fir d'Fritten. Jee, et war méi wéi genuch do fir jiddereen esouguer fir déi wou net komm sinn. Et war eng flott Ambiance a wierklech d'Méiglechkeet fir de Kontakt ze sichen. An natierlech war och nees Panini Sticker-Tausch ugesot. Do huet de liichte Reen deen am Laf vum Nomëtten nees zeréck komm ass net weider gestéiert. E flotten Dag fir jiddereen.