FUTSAL Finale fir Pupilles

De Samschden 28. Februar waren FUTSAL Finalen fir Minimes a Pupilles zu Bartreng ugesot. Moies waren et Minimes déi fir de Championstitel an der Hal gekämpft hunn. Hei ass et !äusserst spannend gewiescht a déi dräi éischt waren um Schluss punktgläich an den direkte Verglach huet ee Vainqueur missen designéieren. Et war dëst de Stader Racing.

Nomëttes war et dann un de Pupilles. Direkt am éischter Match ass et spannend ginn. Hei hat Monnerecher awer duerch eng zolitt Leeschtung d'Nues fir an huet dëse wichtegen Ouverturesmatch mat 2:0 fir sech entscheet. Déi Escher Fola hu sech iwwerdeems no engem ganz intensive Match ganz knapp mat 1:0 géint Déifferdeng duerchgesat. Och duerno blouf et weiderhin ganz spannend an d'Équipen hu sech alles ofverlaangt. An engem weideren decisive Match tëscht Monnerech an der Fola stoung et no nëmme 40 Sekonne schonns 0:2 fir déi Escher! Et ass einfach net ronn gelaf fir Monnerech, ze vill beandrockt waren dem Mike Hoffmann seng Spiller vun deem schnellen Réckstand. Dann hu si de Réckstand verkierzt, mä leider ass hinnen den Ausgläich net gelongen. Am Géigendeel, et war d'Fola déi hir Chance äiskal zum 1:3 ausgenotzt huet. Do huet e weidere Monnerecher Goal an der Schlussminutt och näischt méi um Escher Erfolleg geännert an et ass mat 2:3 fir d'Fola ausgaangen. Vun Diddeleng ass erstaunlecherweis net vill komm. Si hu just een eenze Punkt krit an dat bei 0:0 géint Stroossen. Do waren déi vum Norden nach besser a grad wéi Monnerech haten och si e gudde Goalkeepsmeedchen tëscht de Pottoe stoen. Monnerech huet duerno den F91 Diddeleng regelrecht virgefouert an deklasséiert Diddeleng mat 5:1 iwwerdeems Fola 0:1 géint eng staark Équipe aus dem Norden verléiert. Duerno kënnt den FC Monnerech an engem ganz haartëmkämpfte Match net iwwert en 0:0 géint Déifferdeng eraus an esou iwwerhëlt Fola duerch en 2:0 de Kommando am Klassement. Monnerech wënnt zwar souverän 3:0 géint den FF Norden 02 mä deenen Escher geet am leschte Match géint Stroossen e Gläichspill schonns duerch well si am direkte Verglach géint Monnerech a Déifferdeng gewonnen haten. Och dëse Match war ganz intensiv a ganz equilibréiert an et ass erop an erof gaangen. A well déi Stroossener hir héichkaräteg Goalchancen net genotzt hunn, hunn déi Escher dat gemat. Mat 2:0 entscheeden si dëse Match fir sech a sprangen nom Schlusspëff vu Freed an't Lut. Si si mat 12 Punkte Champion an der Hal. Bravo!

Schlussklassement: 1. CS Fola Esch 12 Punkte, 2. FC Monnerech mat 10 Punkte (12:4), 3. FC Déifferdeng 03 och mat 10 Punkte (5:2), 4. FF Norden 02 mat 6 Punkten, 5. Stroossen mat 4 Punkten, 6 . F91 Diddeleng mat just 1 Punkt
Ze bemierken, dass de Stader Racing, deen jo eng Fussballschoul huet, mol guer net an der Finale stoung!