Den FC Monnerech grillt beim Cactus

Wéi all Joer huet d'Jugendkommissioun vum FC Monnerech och dëst Joer nees beim Cactus Lalleng gegrillt.
Dës Kéier den 13. an de 14. August. Dat ass eng gutt Saach, ginn déi op deenen zwee Deeg erangewirtschaft d'Sue gutt fir d'Jugendaarbecht gebraucht.

Den éischten Dag war den Undrang leider net immens grouss an et gëtt gehofft, dass um Mëttwoch just virum Feierdag méi Leit an de Cactus kommen an, dass se beim FCM-Stand stoe bleiwe fir eng Grill - oder eng Mettwurscht ze kafen a bei guddem Wieder e sëffegen Himpchen drénken.

D'Ambiance hannert dem Grill an dem Comptoir war jiddefalls ganz gutt.