Elisabeth setzt sech mam Centre CIGALE zesumme fir e flotte Workshop

Am Kader vum Diversity Day 2023 huet Elisabeth, zesumme mam Centre LGBTIQ+ CIGALE, e flotte Workshop organiséiert.


Dëse Workshop sollt de Mataarbechter/innen vun Elisabeth hëllefen, d’LGBTIQ+ Communautéit besser ze verstoen an hinne weisen, wéi si dozou kënne bäidroen, en inklusiivt Ëmfeld fir jiddereen ze kreéieren.

De Workshop mam Titel “Jenseits vun der Identitéit” gouf vum Didier Schneider, Direkter vum Centre LGBTIQ+ an Delégué vun der Bientraitance bei Elisabeth, souwuel wéi dem Elsa Fischbach, Pedagog*in am Centre LGBTIQ+ CIGALE, geleet. D’Mataarbechter/innen vun Elisabeth goufen dozou encouragéiert, hir Gedanken an Erfarungen ze deelen an dëst huet zu ville konstruktiven Diskussioune gefouert, déi deen een oder anere sécherlech zum Nodenke bruecht hunn.


Alles an allem war et e gelongene Workshop, deen de Mataarbechter/innen vun Elisabeth d’Geleeënheet ginn huet, sech méi genau mam Theema LGBTIQ+ an Inclusioun ze befaassen.