BBC Nitia : Billy ARRE a Janis POZNAKS sinn ukomm

Déi zwee professionell Spiller vum BBC Nitia, Billy ARRE, Amerikaner a Janis POZNAKS, Lett, sinn zu Beetebuerg ukomm an hunn um éischten Training deelgeholl.
De Billy ARRE ass zu Beetebuerg keen onbekannten. T'lescht Saison war hien eng wichteg Stäip fir eis Equipe an huet vill zum Opstig an t'Diekirch League bäigedroen.
De Janis POZNAKS kënnt aus Lettland. Hien huet di zwou lescht Saisonen a Spuenien gespillt.
Och am Training si schon zenter Ufank vun der Preparatioun den Elton FERREIRA - hie koum vun Etzella Ettelbréck - de Luc RUPPERT - hie koum vum Basket Esch - an den Tom KAISER - hie koum no engem Joer zu Contern erëm zréck op Beetebuerg.
Kuckt och op bbcnitia.lu