BBC Nitia: Nach eng Victoire um Enn vun der DBBL Saison

Um Enn vun der Saison an der Diekirch Basketball League konnten t'Seniors A vum BBC Nitia nach eng Victoire feieren. Se hunn sech géint t'US Hieffenech mat 85:70 däitlech kënnen duerchsetzen. Déi zwou Equipen gesi sech déi nächst Saison an der D2 erëm. Fir de Janis Poznaks a besonnesch och fir de Billy Arre - deen zwou Saisonen fir de BBC Nitia gespillt huet - war et wuel de leschte Match am Trikot vun eisem Beetebuerger Veräin.