DBBL: de BBC Nitia verléiert géint de Champion 64:96

Et war gewosst, dass den éischten Heemmatch an der Diekirch League fir de BBC Nitia keen einfache géing ginn, well eis Beetebuerger Equipe hat jo den aktuelle Champion T71 vun Diddeleng op Besuch.

An et sollt eise Beetebuerger Jongen keng Iwwerraschung gelengen. T'Ofleef hu beim T71 einfach ze gutt fonktionnéiert. Se konnte kombinéieren wéi se wollten an hunn sech ëmmer erëm gutt Positiounen fir e Kuerf ze schéissen erausgespillt.

Alles iwwer de BBC Nitia fann der wéi ëmmer op www.bbcnitia.lu