DBBL : Victoire 80:77 vum BBC Nitia géint Etzella Ettelbréck

An engem bis di lescht Sekonn spannende Match huet de BBC Nitia verdéngt géint t'Etzella vun Ettelbréck gewonn. Dobäi waren di Beetebuerger just beim éischte Kuerf 0:2 hannen, hunn dunn t'Blat an t'Hand geholl an hunn der Etzella den Avantage nie méi zeréckginn. Ganz zum Schluss vum Match gouf et awer nach emol enk, an e puer Sekonne virum Enn war Ettelbréck mat 78:77 erem ganz no drunn. De BBC Nitia huet awer t'Iwersiicht behal, zwee Fräiwërf souverain eragemaach an de Match mat 80:77 fir sech entscheed.

All t'Fotoe vum Match fann der op www.bbcnitia.lu