BBC Nitia: de Programm vum Challenge Henri Heyart ass bekannt

Den traditionellen internationalen Basketsturnéier "Challenge Henri Heyart" organiséiert de BBC Nitia Beetebuerg dest Joer samschdes a sonndes den 17. an 18. September an der Sportshal zu Beetebuerg.

Ageschriwwen fir de Challenge si folgend Equipen:

- Etzella Ettelbruck, vainqueur Coupe de Luxembourg 2011, Vice-champion 2010-2011, vainqueur Challenge Henri Heyart 2010
- BBC Bascharage Hedgehogs
- BBC Nitia Bettembourg
- BBC Telstar
- Houdemont BC (F)
- Kordall Steelers
- LBBA Basketball Academy
- Longeville et St Avold Basket (F)
- Pall Basket Arlon (B/L)
- U.S. Silvange-Basket (F)

De BBC Nitia verdeelt an der ganzer Gemeng Beetebuerg eng Zeitung zum Turnéier. An deser Zeitung ass de Programm vum Challenge Henri Heyart an och de ganze Programm vum BBC Nitia an der Diekirch League a vill interessantes iwwer de BBC Nitia.

De Programm a villes méi fann der natierlech och op www.bbcnitia.lu