BBC Nitia : Vernissage vun der Expo Roger Dornseiffer

Op Invitatioun vum BBC Nitia stellt den international renomméierten Artist Roger Dornseiffer seng Biller an der Galerie Maggy Stein am Beetebuerger Schlass aus.

T'Ausstellung ass dëse 15. September a Presenz vum Artist, vum Burgermeeschter Roby Biver a vun de Gemengerotsmemberen Claude Fournel, och President vum BBC Nitia, Gusty Graas, Josée Lorsché a Jean-Jacques Schroeder, vum BBC Nitia Éierepresident Gilbert Kremer a vu ville Perséinlechkeeten, déi sech fir dem Artist seng Wierker interesséieren, opgemaach ginn.

Se ass vu Freides de 16. September bis Dënschdes den 20. September op vun 14:00 bis 18:00. Sonndes den 18. September esouguer vun 10:00 bis 18:00.

Samschdes a Sonndes de 17. an 18. September leeft jo och de Challenge Henri Heyart. Et bidd sech also eng gudd Geleeënheet fir t'Konscht an de Basket ze verbannen.

Alles iwwer de BBC Nitia fann der ëmmer op www.bbcnitia.lu